2023 a 2024 „Kanner O Kanner O Quel Bonheur“ am Théâtre National du Luxembourg
Säit 2023 si mer am Programm vum Théâtre National du Luxembourg.
Véier mol hu mer säitdeem eise Concert KANNER O KANNER O QUEL BONHEUR gewisen. Um Programme sinn d’Liblingslidder vun de Bewunner a Bewunnerinne vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“, déi de Georges Urwald an thematesche Medleyen zesummegestallt huet.
Den Theater ass rollstullgerecht (keng Trapen, eng Toilette fir Leit am Rollstull) an d’Leit kënne virun der Dier eraus gelooss ginn.
Verbréngt mat eis e flotte Liddernomëtteg mam Georges Urwald (Gesang a Piano), Mady Weber (Gesang), Marly Marques (Gesang), Anne Kaftan (Bassklarinette a Saxofon), Jeff Mack (Trompett a Gesang) a Franck Hemmerlé (Percussioun) an den Dänzer an Dänzerinne Catarina Barbosa, Piera Jovic, Baptiste Hilbert a Giovanni Zazzerra.
Präisser: 15 EURO, 10 EURO op de Kapp ab Gruppe vu 5 Leit, 5 EURO fir Kanner bis 12 Joer
Kaffi a Kuch no der Virstellung sinn am Präis mat dran.
Soubaal mer nei Daten hunn, deele se mer hei mat. Méi Informatiounen: info@milasbl.lu
Fotoe vum Gilles Seyler